1monthfree

Schéckiwwerreechung um Buurschter Schlass

De Comité vun de Buurschter Schlassfrënn hat am Januar op d’Schlass invitéiert fir de Veräiner an all de Fräiwëllegen Merci ze soen déi zum groussen Erfolleg vum Schlassmaart zu Buurschent am November 2024 bäigedroen hunn.

Bei der Geleeënheet gouf ee Schéck an Héicht vun 1.000€ un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. Dëst war den Erléis aus dem Bastelatelier deen d’Schlassfrënn um Schlassmaart gratis ugebueden hunn a wou eng Quête fir d’Fondatioun gemaach gouf. Merci och un d' Schlasshärin an Schlasshär déi op hier Gage verzicht hunn an d’Suen mat gespent hunn.

Weitere Neuigkeiten von Schloss Bourscheid >