Aweiung vun engem neien Tankwon bei de Pompjeeë vun der Gemeng Buurschent


Virun e puer Deeg hunn d’Pompjeeë vun der Gemeng Buurschent en neien Tankwon ageweit. Als Vertrieder vum Inneminister huet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen un dëser Aweiung deel geholl. Weiderhi waren d’Deputéiert Aly Kaes an André Bauler, esou wéi de Patrick Juncker, Vizepresident vun der Pompjeesfederatioun, an d’Inspektere Charel Zanter an Henri Scholtes vum Inneministère ënnert den Invitéeën. De fréiere Chef de Corps Marcel Agnes huet d’Invitéeë begréisst an ass op d’Entstehung vun der Fusioun am Joer 2005 vun de véier Corpse Buurschent, Kehmen-Scheedel, Schlënnermanescht a Welschent agaangen. Weiderhin huet hien déi néideg Erklärunge gi firwat en neien Tankwon huet
missen ugeschaaft ginn. Den Här Fränz Müller, Deche vun Dikkrich, huet duerno de Pompjeeën an dem neie Camion de Seege ginn. Uschléissend huet de Charel Frauenberg als neie Chef de Corps den aktuelle Pompjeescorps mat all sengen Asazgebidder virgestallt. Den Henri Scholtes, Inspekter adj., huet déi néideg technesch Erklärungen zum Tankwon ginn. Bezeechnung TLF 2000 STAA steet fir 2000 l Waasser, Staffelkabin, Allrad Undriww an Automatikgedriww. Den Tankwon ass mat enger Drockloftschaumläschanlag ausgerüst gi fir esou och mat den Nopeschcorpsen aus der Nordstad kënnen optimal zesummen ze schaffen. D’Annie Nickels-Theis, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Buurschent, hat d’Éier fir dem Marcel Agnes, dee laang Joeren de Corps Schlënnermanescht an duerno de Corps vun der Gemeng Buurschent gefouert huet, e grousse Merci auszeschwätzen. Hie krut e passende Cadeau, a seng Fra Nicole krut fir hir vill Gedold symbolesch e schéine Bouquet Blummen iwwerreecht. Am Schlusswuert huet de Minister Fernand Etgen déi fräiwëlleg Aarbecht bei de Pompjeeën honoréiert an dem Corps Buurschent seng Gléckwënsch zum neien Tankwon ausgeschwat. Uschléissend huet d’Gemeng Buurschent den Éierewäin offréiert.




Text: Charel Frauenberg
Photoen: Ketty a Rom Hankes-Kettmann