1monthfree

Madame Maria Greis vu Bierg feiert hir 90 Joer

Mat der ganzer Famill a Frënn huet Greis-Berg Maria sech fir hir 90 Joer feiere gelooss. Eng ganz zefridden a lëschteg Fra huet hir Gäscht begréisst an e super Iessen am Restaurant Relais du Château offréiert.


Dem Maria säi „Jungbrunnen“ ass de Gaart niewent dem Haus, wou nach ëmmer all Geméis an Uebst gezillt gëtt. Domat versuergt d‘Maria d’ganz Famill. Awer och d’Blumme virum Haus weisen op eng gutt Händchen hin.


Awer en anerer, nach gréisseren Hobby ass de Veräin vun de Widdebierger 50+, wou d’Maria och schonns zënter 2007 Presidentin ass an hir Memberen ëmmer gutt ëmsuergt. Wann mol eeler Leit net zu enger Feier komme kënnen, dann telefonéiert d’Maria a wënscht hinnen eng gutt Besserung. Och zu Coronazäit huet Si vill mam Telefon geschafft a Courage gewënscht. Nationalfeierdag 2014 gouf d‘ Madame Greis fir all hir Benevolataarbecht un der eelerer Generatioun geéiert. De Gebuertsdagskuch huet och net gefeelt a mir hunn nach laang gefeiert.


E grousse Vive op eis Presidentin, e grousse Merci an nach eng schéin Zäit mat de Widdebierger 50+.