D'Widdebierger 50+ aus der Gemeng Betzder

De 8 Oktober 2024 haten d'Widdebierger 50+ rëm Grond fir ze feieren

De Pappendag, e groussen Dag fir eis geleifte Pappen a Bopen. E ganz Joer laang schaffen a wudderen si fir eis alleguerten, sinn ëmmer do wa mir si brauchen a si sinn besonnesch frou mat hiren Enkelkanner.


Hunn d’Kanner eng Fro oder wëllen eppes bastelen, spadséiere goen oder alles Méigleches maachen, de Bopa ass ëmmer do.


D’Pappe sinn op der Aarbecht a suerge fir déi neidesch Mënz.


Haut feiere mir zu Betzder am Relais du Château a loossen eis e gutt Mëttegiessen zerwéieren.


Mir denken awer och un eis léif Pappen a Bopen déi schonns verstuerwe sinn an déi mir vill vermessen.