Merci Margot fir 25 Joër Déngscht als Koschtesch zu Beetebuerg

Op Cäciliendag krut d'Koschtesch Margot Moos-Schoentgen an der Virowendmass feierlech, mat Musék a Gesank, vum Dechen Edmond Ries Merci gesot an eng gudd Pensioun gewënscht. Sonndes huet den Diakon Leo Weber dem Margot seng Verdéngschter ënner den Dechen Camille Minette, Fernand Huberty an Edmond Ries ernimmt a besonnescht dat häerzlecht Verhältnis "wéi eng Mamm" vun de Massendénger ervirgehuewen. Eng Equipe vu fënnef "Bénévolen" iwwerhuelen vun elo unn dem Margot seng Koschterdéngschter an der Beetebuerger Kierch.