All Woch am Déngscht vun der chrëschtlecher Gemeinschaft zu Beetebuerg

Nodeems Corona 2020 an 2021 vill Méint de Chouergesang verhënnert hat, huet de Kierchechouer vu Beetebuerg am September 2021 den normale Pensum vun all Woch nees opgeholl: all Sonndeg eng Houmass, eng Prouf an oft nach eng Begriefnismass....

An der Generalversammlung am Ufank vum Mount huet d’Presidentin Melanie Juncker de Sängerinnen a Sänger dofir Merci gesot fir de groussen Asaz am Déngscht vun der chrëschtlecher Gemeinschaft vu Beetebuerg. Am Moment besteet de Chouer aus 14 Dammen a 5 Hären a prouft a sengt ënner der Direktioun vum Myriam Schartz.

Fir 30 Joer aktive Kierchegesank huet d’Martine Freis vum Diakon René Schumacher déi gëlle Medaille vum Piusverband iwwerreecht kritt.