Eng von deenen Haaptaktivitéite von der Resistenz war d’Campagne géint déi sougenannte Personenstandsaufnahme vom 10. Oktober 1941 a méi spéit den Opruff zum Streik vom 31. August 1942. Ma am alldeegleche Geschäft sënn Liewensmëttelkaarten, falsch Pabeieren, wéi Identitéitskaarten, Gebuerts- oder Dafschäiner, Bestietnes- an Doudeszertifikater besuergt oder hiergestallt ginn. Och sënn de 26. Oktober 1941, a wahrscheinlech zum eegene Schutz, Waffen aus dem Policebüro von Dikrich “besuergt” gin. Scho viron der Aféierung von der Wehrpflicht ass den Empfank vo politesche Flüchtlinge virbereet ginn. Sie an sougenannte “Wehrdienstverweigerer” sënn iwwert d’Grenz brocht ginn.
An da gouf et och nach eng LPL Bréissel mat Lëtzebuerger déi do gewunnt honn a gudd Kontakter mat den alliéierten Natiounen haten. Zu Bréissel koum och zanter dem 18. Dezember 1941 déi investigativ, kritesch a satiresch Ënnergrondzeitung “De freie Lötzeburger” erausbrocht. Drop gedréckt war de Sproch “ So’ secher we’ ons d’Bierger wénken, könnt d’Freihêtssonn èn Dag ons blénken!” an als verantwortlechen Redakter gouf den Déngens Dömmy oginn. Als Verwaltung ass de Prisong am Grond genannt ginn, respektiv als Verlagsadress “57, Pietresboulevard, Lötzeburg”, wat d'Adress von der Villa Pauly dem lokale Sëtz vun der Gestapo (Geheime Staats Polizei) war. No eegenen Angaben ass déi Zeitung "reegelme'sseg onreegelme'sseg" erauskomm.
Niewent den dräi LPL Resistenzorganisatioune goufen et der nach eng ganz Rei mat ganz verschiddenen Originnen. An esou hott hier politesch Heemecht dann och von chrëschtlech patriotesche Stréimunge bis hin zu de Kommuniste gereecht. Och d’Scoute waren an Deelberäicher von der Resistenz engagéiert. An all hon se mol gehollef e Jong ze verstoppen, Iessen an de Bunker ze droen, enger jüdescher Famill hir Flucht ze organiséieren, politesch Prisonéier iwwert d’Grenz ze bréngen a méi spéit en ofgeschossenen alliéierte Pilot a Sécherheet ze bréngen. D’Resistenzler hon an de Versammlungen a bei de militäresche Parade gefeelt an den “Heil Hitler” verweigert. Si honn d’Fluchziedelen an den Dierfer verdeelt an och alt mol heemlech en antidäitsche Slogan op eng Mauer gemoolt, oder de Lëtzebuerger Fuendel op enger offëntlicher Plaz opgehaang.
Ongeféier 30 Joer nom Zweete Weltkréich, méi genau 1974 publizéiert de Journalist Henri Koch-Kent e Buch mam Titel: “Sie boten Trotz”. Haaptsächlech behandelt de Schreiwer an dësem Buch de bewaffnete Widderstand géint den Okkupant an trotzdeem geet hien a verschiddene Passagen och op d’Wierke von der LPL an. Et fönnt een ierwer nëmme Bemierkungen iwwert d’LPL Petit, den Här Rodesch an de Paschtouer Lesch ginn nët eng eenzeg Kéier ernimmt. Dozou goufen am Summer 1974 en etlech Bréiwer on d’Redaktioun an den Dageszeitungen geschriwwen. Vläicht ass et och dowéinst richteg a gutt, ongeféier 80 Joer nom zweete Weltkréich on den Här Paschtouer vo Wäicherdang, den Théodore Lesch ze erënneren. Fir den Här Alphonse Rodesch ass dat am Joer 2015 zu Munzen wierdeg geschitt.
Mat deem néidegen Ofstand befaassen sech haut verschidden Historiker mat der Resistenz als e Bestanddeel vom Zweete Weltkréich, nët méi. Ma d’Resistenz hot gelieft vo Leckt déi en Nom an e Gesiicht haten, an och vill Courage. Von hinnen allegoorten ass kee Mënsch méi do, iewer se verdéngen nach ëmmer eis Onerkennung. Vläicht grad hockt an engem Europa mat Kréich an der Ukrain an am Noen Osten.
An der Hémecht vom 1. Juli 2004 ass de Lëtzebuerger Bilan nom zweete Weltkréich a ronnen Zoolen esou chiffréiert:
6.000 Doudesaffer,
8.000 Patriote waren an d’Prisongen, d’Kazetter an ëmgesiedelt gin, dovo sën der 2000 nët méi heeman hir Heemicht komm,
12.000 Jonge waren an d’Wehrmacht gepresst gin, dovun sën der 3.150 gefall,
3.500 Jonge konnten am Land verstoppt gin,
600 Jonge konnten sech an de belschen a franséische Maquis a bei d’Alliéiert Arméien duerchschloen,
15.000 Lëtzebuerger ware gezwonge gin an Däitschland ze schaffen,
15.000 Jongen a Medercher wäre gezwonge gin an den Arbeitsdienst ze goen,
10.000 Patriote waren an de verschiddene Resistenzorganisatiounen aktiv.