Den 23. Mäerz 1944 hu sech déi 3 Resistenzgruppementer L.P.L., L.R.L. an L.V.L. zesummegeschloss an d’UNIOUN gebilt. De “Lëtzebuerger Fräiheetsbond” ass aus Sécherheetsgrënn eréischt den 1. September 1944 offiziell bäigetratt. D’Unioun huet an de befreite Gebidder den alliéierten Truppen de Réck gestäerkt an ass agespronge fir d’ëffentlecht Liewen néi ze organiséieren an d’Sécherheet am Land ze garantéieren. Dofir huet si eng Miliz op d’Bee gestallt, déi enk mat den Alliéierten zesummegeschafft huet. D’Unioun huet den Eegentom vun deene Lëtzebuerger bewaache gelooss, déi nach net aus der Ëmsiidlung, dem Kazett oder der Gefaangenschaft erëm waren, ass an d’Kazetter gefuer fir d’Lëtzebuerger ze rapatriéieren, huet d’Versuergung vun der Bevëlkerung mat Liewensmëttelen assuréiert an déi, wou alles verluer haten finanziell ënnerstëtzt. D’Uniounisten hunn direkt nom Krich d’Versprieche ginn, d’Gedenken un hir Komerodinnen a Komeroden, déi sou onvirstellbar an der Resistenz, am Kazett, an der Ëmsiidlung oder am Maquis gelidden hunn, héich ze halen. Fir dësem Verspriechen och 78 Joer dono nach gerecht ze ginn, huet d’Unioun op hirer dësjäreger Generalversammlung eng vun hiren eelste Memberen an nach iwwerliewend Zäitzeie fir hir Déngschter a batterster Zäit geéiert. D’Madamm Goerens-Hoffmann Marguerite huet, zesumme mat hiren Elteren an den zwou Schwësteren, um Mathgeshaff iwwer Méint enge 17 Refraktären Zouflucht ginn a si mat deem Néidegste versuergt. Bei hirem onermiddlechen Asaz fir d’Mënschlechkeet a fir hir Matmënschen hu si all Dag hiert eegent Liewe riskéiert. Am Mäerz 1990 gouf d’Marguerite, genannt “Maya”, scho mat der Croix d’honneur de l’union des mouvements de résistance luxembourgeois ausgezeechent. Fir hir jorelaang Trei zur Unioun an hir grouss Déngschter fir d’Resistenz huet de Comité dëst Joer decidéiert, datt si zousätzlech nach den Titel “Éieremember vun der Unioun” sollt kréien. Weider Informatiounen zu der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatioune fannt Dir op: www.unioun.lu