Konveniat 1956 1957 1958

De Rendez-vous vun de Wormer Primärschüler, Joergäng 1956 1957 1958 war bei der der Gemeen am Darfkär. De Borgermeescht, Claude PUNDEL hat d’Freed nom Empfang, de Meedercher a Jongen deen nau a schéi renovéierte Keller, dée fir Receptiounen oder Ausstellunge ka benotzt ginn, en Avant-Première ze weisen. D’Interesse war grouss fir och di ganz Raimlechkeeten, vun der Gemeen ze gesinn, wou di fréier Schüler an de Schoulbänke soutzen. Bei eem gudde Pätche Wormer Wäin, war dës Visite schonns e flotte Moment. E Bouquet Blummen ass um Wormer Kërweg niddergeluecht ginn, fir un di Verstarwen, vun deenen 3 Klassen, ze denken. D’Mëttegiessen war um Wormerberreg bei PUNDEL Vins Purs, an engem schéine Kader, wou déi Bedeelegt e flotte laange Mëtteg zesumme verbruet hunn.