1monthfree

Grouss Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi zu Wooltz

An der Geenzebléi zu Wooltz ass gefeiert ginn mat der Amicale.

Am Abrëll guffen 26 Bewunner aus der Geenzebléi geéiert déi am Januar ,Februar an März 2025 Gebuertsdag haten vun der Amicale. De President Huet Jing hott de Gebuertsdagskanner hir beschte Gléckwënsch ausgedréckt. Dëse Wënsch hott och de Gemengevertreeder Amel Cosic sech ugeschloss bei senger BegréIssungsreed. Bei dëser Feier waren och Familljen vun den Geéierten invitéiert ginn, wou Direktioun vun Servior vertrueden war durch Madame Plawny. Mat flotter Danzmusik huet den Orchester Jemp an Jeannot fir gudd Stëmmung gesuergt. Bei engem gudde Patt an eng gudd Wafel mat Erdbeer vun den Weeltzer Fraen an Mammen geback an gesponsort ass gefeiert ginn. Gemeng hott een Kaddo iwwereecht fir déi 3 Dammen vun 90 Joer. Ganz besonnesch frou war d’Amicale och Madame Schaack (100 Joer ) an Madame Schanck (102 ) Joer deen Mëttig ze éieren. Mat engem flotten Kaddo si folgend Bewunner vun der Amicale geéiert ginn: Krausch Marie-Louise 63, Roth Marguerite 72, Schmitz Roger 72, Paolini Anna 73, Gerend Fernand 74, Deligny Francoise 75, Kirsch Roger 79, Brust-Schaul Margot 82, Schamburger Emilie 84, Freitag Elsa 85, Hayard Chatherine 85, Thelen Franziska 85, Wiwers Nicolas 85, Eiffes Marie 89, Treis Dorithée 89, Wagener Margot 89, Glode Barbara 90, Stoumont Josiane 90, Vinandy Margot 90, Becker Josette, Jacoby Mariechen 92, Krausch Aloyse 92, Weinandy Gustave 93, Weinandy Marie-Louise 98, Schaack Margot 100, Schanck-Wilmes Lilly 102.