1monthfree

Generalversammlung vun der Chorale Ste-Cécile Walfer


De Präsident Jos Turmes konnt dëst Joer, zur Generalversammlung vun der Chorale Sainte-Cécile Walfer, vill Leit begréissen. Nieft dem Buergermeeschter François Sauber an Membere vum Gemengerot, waren dat Vertrieder vun der Walfer Musek, vun der Chorale Caecilia Walfer, vun der Chorale Sainte-Cécile Steesel, vum Syndicat d’intérêts locaux, wei och Vertrieder vun der Por Steesel-Walfer (Pastoralreferent, équipe pastorale, œuvres paroissiales). No enger Gedenkminutt fir di verstuerwe Memberen an Éieremembere vun der Chorale, huet de Präsident den Aktivitéitsbericht virgestallt. Doraus geet ervir, dass d’Chorale am Joer 2024 eng 124 mol am Asaz wor. De Präsident huet bei där Geleeënheet och d’Demissioun vun der Sekretärin Edmée Turmes-Wenkin bekannt ginn. De Vize-Präsident Pierre Kummer huet d’Verdéngschter vun der Sekretärin, déi 26 Joer déi Fonctioun hat, ervirgestrach, an hir am Numm vum Kommitee a vun alle Memberen e grousse Merci fir hir Aarbecht gesot. Hien huet awer och profitéiert, fir dem Präsident Jos Turmes Merci ze soe fir all déi Aarbecht, déi hie fir de Veräi leescht. D’Dirigentin Elisabeth Schmit huet aus dem Aktivitéitsbericht verschidde Punkten ervirgehuewen, wéi eng Hochzäitsmass an d’Mass zu Mamer fir d’Mamer Kiermes. Si huet och besonnesch déi gemeinsam Optrëtter mat der Chorale Caecilia bei der Ovatioun fir déi Neigewielten am Walfer Gemengerot an déi Walfer déi an d’Chamber gewielt goufen, esou wéi dee gemeinsamen Optrëtt fir Nationalfeierdag. Si huet alle Membere Merci gesot fir hiren Asaz fir d’Por a fir d’Gemeng Walfer. De Rapport vum Tresorier Nicki Glaesener weist eng gesond Finanzsituatioun, déi vun dee Keeserevisore bestätegt gouf. E grousse Merci geet un d’Gemeng fir déi finanziell Ënnerstëtzung, grad esou wéi un d’Éierememberen an un all Léit déi bei der traditioneller Gaardeparty d’Chorale ënnerstëtzen. De Buergermeeschter huet der Chorale Merci gesot, fir déi vill Aarbecht, déi si iwwer d’Joer maachen. Hien huet sech och gefreet, dass d’Chorale, zesumme mat der Musek an der Chorale Caecilia, sech bereet erkläert huet bei de Feierlechkeete fir 175 Joer Walfer Gemeng, den 22.6.2025, matzemaachen. Den Aumônier vun der Chorale, de Weibëschof Leo Wagener, huet Merci gesot, fir déi gutt Zesummenaarbecht bei de Gottesdéngschter, an alle Sängerinnen a Sänger, wéi och der Dirigentin an dem Organist Roger Goodwyn, fir hiren Asaz iwwert d’Joer. Hien huet och di gutt Atmosphär am Veräin ervirgehuewen. Dëst konnt een dunn och feststelle beim Patt an engem klenge Maufel no der Generalversammlung, wou nach e puer Stonnen d’Memberen an hir Gäscht gemittlech zesumme souzen.