9. Hobbymaart am Syrkus zu Rued-Sir
De Weekend vum 26. an 27. Oktober fënnt den 10. Hobbymaart am Kulturzentrum Syrkus zu Rued-Syre statt. D’Veranstaltung gëtt vun de Veteranen vum FC Syra Mensdorf an der Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl organiséiert.
Ëffnungszäiten: Samschdeg: 14:00 - 18:00 Auer a Sonndeg: 11:00 - 18:00 Auer.
40 Aussteller presentéieren hir selwergemaachte Produkter. Den Atelier Duerftreff beim Lis bitt en Atelier un. Sonndes ëm 15:00 Auer trëtt den Zauberer Magic Luciano op a suergt fir magesch Ënnerhalung. D’Amicale ISJB vu Betzder bitt Allerhellegenarrangementer zum Verkaf un. Fir de Catering suergen d’Veteranen vum FC Syra Mensdorf mat gegrillte Spezialitéiten. Et gëtt och eng gemittlech Kaffisstuff .
Parallel zum Hobbymaart fënnt an der “Aler Kiirch” zu Rued-Sir eng Ausstellung mat Molereien a Skulpturen statt, déi och e Besuch wäert ass.
Kommt laanscht a genéisst e Weekend voller Kreativitéit, Konscht a kulinareschem Genoss!
Details op https://www.hobbykl.lu/news-an-aktuelles.php