Op Initiativ vun der Emweltkommissioun an an Zesummenarbescht mat de Verainer war dest Joer bei schéinstem Wieder dai alljährlech Grouss Botz gestart ginn. Gudd organiséiert an opgedeelt an 4 Gruppen, sinn all d'Stroossen an d'Feldweer während 2 Stonnen vum Ooffall befreit ginn. Ganzer 60 Lait haaten dest Joer de Wee fonnt fir d Gemeng an insbesondere d Natur lo zum Fréijoersufank an naiem Glanz erstrahlen ze loossen. No der Arbescht goung et gemeinsam an d'Scaramouche wou fir de Kascht gesuergt ginn ass. D'Emweltkommissioun riischt e ganz grousse Merci un all dai Fraiwelleg.