Samschdes, den 28. September 2024, hate sech zu Wuelëssen op ee neits déi fréier Schoulkomerodinnen a -komerode vun de Joergäng 1930 bis 1965 getraff, fir ee flotten a gesellegen Dag ze verbréngen a mateneen op déi gemeinsam verbruechte Schouljoeren zeréckzekucken.
No enger vum Dechen Jeannot Gillen zelebréierter Mass fir all verstuerwe fréier Matschüler an der Kierch, hu sech déi ronn 25 Schoulfrënn am Duerfsall "A Meesch" zesummefonnt, fir bäi engem gudde Pättchen, offréiert vun der Gemeng Parc Housen an zerwéiert vun de Sängerfrënn vu Wuelëssen an Eesbech, e bësse mateneen ze poteren a sech ee vum Ralph Hermes zesummegestallte Kuerzfilm iwwert d'Gemeng Parc Housen an hir 13 Dierfer unzekucken.
Nieft deene flotte Loftbiller huet de Buergermeeschter Romain Wester de Gäscht dobäi och déi néideg Erklärungen zu enger ganzer Aberzuel vun Projeten presentéiert, déi d'Gemeng an deene leschte Joeren ëmgesat oder scho fir d'Zukunft ugestouss huet.
No der obligatoreschter Gruppefoto goung et dunn an de Wuelësser Traditiounsrestaurant "Beim Bertchen", wou den Dag bei engem gudden Iessen an där enger oder anerer Anekdot vu fréier ausklénge gelooss gouf.