Konveniat vun de Joergäng 1952-53 vun der Primärschoul Belair
Viru kuerzem hunn sech d'Frëndinnen erëmgesi fir zesummen hire ronne Gebuertsdag ze feieren.
Bei engem gudden Iessen am "Restaurant Cavalli" zu Dummeldeng hunn si e flotten Owend verbruecht a schéi Liewenserënnerungen ausgetosch.
D'Zäit ass verflunn an d'Marion hat déi flott Iddi fir eng "WatsApp" Grupp an-zeriichte fir Fotoen ze deelen.
Merci villmools jidderengem fir déi flott Fotoe vu fréier.
Georgette