Mushroom's, Hotel a Brasserie/Restaurant zu Useldeng!
13
Galerie d'images
Faites défiler la page vers le bas pour voir plus d'images.
Am Kader vun der alljäerlecher ‚Randonnée touristique‘ huet d‘Madame Staatssekretärin Francine Closener ënner anerem de Chantier vun de MushRoom's, vum Hotel an der Brasserie/Restaurant zu Useldeng besicht. D’MushRoom's an den Hotel sinn e gemeinsame Projet vun der Gemeng Useldeng an Zesummenaarbecht mam Syndicat intercommunal „de Réidener Kanton“. D’Madame Closener gouf empfaange vum Buergermeeschter vun der Gemeng Useldeng mat sengem Schäffe- a Gemengerot an de Gemengeresponsabelen vun den 10 Gemengen aus dem Kanton Réiden.
Photoën/Text: Tom Lehnert