Um «Sentier des passeurs »: Bei de Weihern.

Sentier des passeurs ass den Numm vun engem thematesche Wanderwee an de Gemengen Ëlwen a Wëntger. Am Mëttelpunkt vum Wee stinn d'Fluchtversich vu lëtzebuergesche Resistenzler, Zwangsrekrutéierten an alliéierten Aviateuren eriwwer an d'Belsch, mat Hëllef vu Passeuren, wärend de leschte Jore vum Zweete Weltkrich.


De Pad gouf de 15. Juli 2006 offiziell zu Ëlwen ageweit.

De Wee, deen a grousse Linnen iwwer déi original Fluchtstreck vu fréier geet, féiert duerch d'Uertschaften Ëlwen, Biwesch, Aasselbuer a Saassel an ass am Ganzen 22,85 km laang. E besteet aus engem südleche Circuit „Resistenzuertschaft Saassel“ vun 10 km an engem nërdlechen „Grenz“ vun 12,85 km.