1monthfree

D'LEADER-BROSCHÜR PROJEKTPANORAMA

EN IWWERBLÉCK VUN INNOVATIVE PROJETEN AM LÄNDLECHE RAUM


D'LEADER-Broschür Projektpanorama ass eng Publikatioun vun de 5 lëtzebuergeschen LEADER-Regiounen, déi d'Diversitéit an den Erfolleg vu Projeten am ländleche Raum am Kader vun der LEADER-Initiativ presentéiert. All LEADER Regioun huet seng Projektpanorama Broschür, wou hier spezifesch Projete präsentéiert ginn. All d’Broschüre fannt dir op follgendem Link: www.leader.lu/mediathek

Fir LEADER Regioun Zentrum Westen kënnt der déi gedréckte Versioun vun der Broschür direkt beim LEADER Büro bestellen (E: zentrumwesten@leader.lu, T: 26 61 06 80) oder déi digital Versioun um Site eroflueden.


Inhalter vun der LEADER Zentrum Westen Broschür

D‘LEADER-Broschür Projektpanorama presentéiert inspiréierend Beispiller vu Projeten, déi mat LEADER-Fërdermëttel realiséiert goufen. Si ass thematesch opgebaut an deckt ënner anerem follgend Beräicher of:

• Nohaltegkeet & Ëmweltschutz: Projeten, déi op de Schutz vun natierleche Ressourcen an d'Fërderung vun erneierbaren Energien ausgeriicht sinn;

• Kulturellt Ierwen & Tourismus: Initiative fir d‘Erhalung vun der lokaler Traditioun a fir d‘Entwécklung vum ländlechen Tourismus;

• Sozial Innovatioun: Moossname fir de sozialen Zesummenhalt an d’Inklusioun an de ländleche Gemengen ze stäerken;

• Landwirtschaft & Wäertschëpfungsketten: Fërderung vu lokale Produiten.


Firwat ass d'Broschür wichteg?

D'Broschür déngt als Inspiratiounsquell a Wëssensressource fir d’Partner, Veräiner, Gemengen & interesséiert Awunner, déi sech fir d’Stäerkung vun de ländleche Gebidder asetze wëllen.

Weider Informatiounen zu der LEADER Initiativ fannt dir op der nationaler LEADER Säit www.leader.lu


D’LEADER Zentrum Westen Team