23. Konveniat vun der Schëtter Jugend aus de Joeren 1941 bis 1944

Schëtter : d'Schëtter Jugend aus de Joeren 1941 bis 1944 hunn hiren 23.Konveniat dëst Joer mat enger flotter Visitt vum ganz modernen a digitalen Bauerenhaff

" A Schmatten " zu Schëtter ugefaangen , wou si vill Erklärungen vum Frank Hoffmann a senger Fra Christine iwwert de Mëllechbetrieb an hier "ferme pédagogique" kritt hunn , fir dann dono bei engem gudden Mëttegiessen am Restaurant " Delicious " nach vill schéin Errënnerungen aus der Kanner-aJugendzäit auszetauschen mam Verspriechen sech all nees d'nächst Joer erëmzegesinn .