Mir géifen Club Haus beim Kiosk gär Merci soen fier déi super Ennerstëtzung.
D’Spend ass zesumme komm duerch:
Verkaf vun Chrëschtdekoratioun, déi den Grupp Dammen “Fläissed Hänn” gebastelt hunn,Verkaf vu Gebeess vun der Mataarbechterin vum Club Haus Romance Swartz als Benevolat gekacht,Verkaf vun hausmaacher Gelli, Pâté, Chrëscht-Kichelcher vun der Benevollséquipp “Baktreff”.
Déi gesammelt 2.000 € wäerten eis hëllefen d’Wënsch vun eisen Wonschkanner ze erfëllen.