Ronn Gebuertsdeeg am Cipa Blannenheem gefeiert



Rollingen/Miersch: Vum Januar bis zum Juli 2024 waren et zesummen 10 Bewunner aus dem Cipa Blannenheem zu Rollingen/Miersch, déi d’Gléck haaten, fir hire ronne Gebuerstdag ze feieren. Wéi et neierdéngs zur Traditioun gehéiert, haaten di Verantwortlich vun der Direktioun mat hirem Team am Mount Juli zu enger flotter Gebuertsgsfeier invitéiert. A senger Laudatio ass d‘Carole Theisen, als Chargée de direction, op Sënn an Zweck vun sou enger Feier agaangen an huet uschléissend och allen Gebuertsdagskanner am Numm vum Haus haerzlich zu hirem Jubiläumsdag gratuléiert. Och fir de Schëffen Heng Krier, war et eng besonnesch Éier fir alle Gebuertsdagskanner säitens der Gemeng Miersch seng bäschte Gléckwënsch ze iwerbrëngen a weiderhin zefridden a gesond Liewensjoeren können ze zesummen verbrëngen. An desem Kontext huet hien op di vill Schied beim läschte Stuerm higewissen, déi am schéine Mierscher Park immens vill Schued ugeriicht huet. Mat engem passenden Kado sin folgend Jubilaren geéiert gin: Fir 101 Joer: Elise Toisul- Lamesch. Fir 90 Joer: Anne Antointette Theis- Hübsch, Marguerite Schumacher an Anne Reuter- Faber. Fir 85 Joer: Marcel Fuck. Fir 80 Joer: Alfred Serres, Georgine Thoma- Schwinnen, Amélie Schroeder- Bichel an Anny Nockels- Schmit. Verschidden Jubilaren, déi deser Feier nit konnten beiwunnen ass selbstverständlich och ganz häerzlich gratuléiert gin. Mat engem kräftigen Happy Birthday ass d’Glas erhuewe gin an op weider schéin an zefridde Joeren geprost gin. Och de Gebuertsdagskuch huet jiddengem extra gut geschmaacht. Mat flotter Ënnerhaalungsmusik mam Entertainer Gino huet dess flott Geburtsdagsfeier no e puer angenehmer Stonnen a gudder Ambiance sengt

würdigt Ënn fond. (CR) (Foto: Charles REiser)