Am Kader vum Rekrutement fir d’Drauwelies huet d’Madamm Kirsch Annette conseillère vun der Gemeng Schengen de Kontakt vun 3 Ukrainer mam Wënzerbetrib Domaine Sünnen-Hoffmann hiergestallt.
2 Dammen an e jonke Mann vun 18 Joer liewen zënter engem Mount am Sünnenhaus zu Schwéidsbeng
Mat Hëllef vun der Madamm Svitlana Chaussy vun Elweng déi als Iwwersetzer mat Rot an Dot zur Säit stoung konnt hei e Kontrakt fir d’Dauer vun der Lies hiergestallt gin.