Marie Regine Wandrey- Rech zum 85. Gebuertsdag gratuléiert


Platen: Mat e bësse Verspéidung huet de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengem Schëffen Marc Rehlinger viru kuurzem dem Marie Regine Wandrey- Rech mat der Iwerreechung vun enger schéiner Blummecorbeille fir den 85. Gebuertsdag, am Numm vun der Gemeng Préizerdaul häerzlech gratuléiert. Marie Regine Rech ass als jëngst Duechter vun dräi Kanner, den 15. Juli 1939 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. Hir Elteren waren den Jacques Rech aus der Stadt an d’Madeleine Schmit vu Rouspert. Den 9. September 1960 gouf Hochzäit gefeiert mam Dieter Wandrey, den zu Mannheim op d’Welt koum an am Joer 1957 als geléierte Kach op Lëtzebuerg komm ass. Am Laaf vum Joer 1996 ass d’Famill Wandrey- Rech an hirt neit gebauten Haus op Platen geplënnert. Aus hirem Bestiednis sinn dräi Jongen an zwee Meedrecher ervirgaangen. Sechs Enkelkanner an een Urenkel zielen haut zum Stolz vun der ganzer Famill Wandrey. An hirer Fräizäit genéisst d’Jubilarin och d’Aktivitéiten vun der Amicale vun Drëtten Alter Préizerdaul. Bei flottem Zesummen ass mat der Famill d’Glas erhuewe ginn an op weider gesond an zefridde Joren ugestouss gin. (CR) (Foto: Charles Reiser).