Ausflug bei d'Hildegard von Bingen organiséiert vun de Peppenger Klouschterfrënn

Fir de 5. November haten d’Frënn vum Klouschter Peppeng op en Ausflug op Rüdesheim invitéiert fir d’Benediktinerinneklouschter vum Hildegard vu Bingen besichen ze goen. Den Datum war gewielt gi wëll d’Schwëstere vu Peppeng sech op deem Dag virun 141 Joer zu Peppeng niddergelooss hunn. Den Här Deche Claude Bache huet d’Viste organiséiert a geleet. 43 Leit hun en Dag zu Rüdesheim verbruecht. Mir hunn ugefaang mat enger Mass an der Wallfaartskierch zu Eibingen wou de Schräin vum Hildegard vu Bingen steet. Duerno war eng Visite vun der Klouschterkierch mat Erklärungen iwwert dem Benediktinerpater Notker Becker seng Molereien (deen och zu Lëtzebuerg Kiirchen verschéinert huet: Klouschter Peppeng, d’Kierchen vun Diddeleng a Miersch). No engem Mëttegiessen an der bekannten Drosselgasse haten d’Leit Geleeënheet am Klouschterbuttek anzekafen an den Dag mat engem Patt am Klouschtercafé auskléngen ze loossen.

Plus de nouvelles de Francis Marso >