1monthfree

De Gaart an Heem vun Ouljen iwwerreecht zwee Schecke vun 1.000€

De Gaart an Heem vun Ouljen iwwerreecht zwee Schecke vun 1.000€

Kierzlech huet de Gaart an Heem vun Ouljen seng Generalversammlung ofgehalen.

De Veräin, deem seng gréisst Manifestatiounen am Joer den traditionnellen Blummemaart am Mee zesumme mat der Ouljer Musek an de beschbekannte Kéisowend ausgangs des Jors sinn, hat Vertrieder vun der Amicale Institut Saint Joseph Betzder a vu Luxembourg Air Rescue invitéiert, fir hinnen jeweils e Scheck vun 1.000€ ze iwwerreechen.

Déi vill Leit am Sall kruten Detailer iwwert d’Fonktionnéieren vun den zwou Associatiounen an den Zweck vum Don erkläert.

D’Amicale ISJB seet op dësem Wee nach eng Kéier villmools Merci fir den noble Geste fir de gudden Zweck !

Plus de nouvelles de Christiane Bruck-Greif >