1monthfree

Käerjenger Piipserten

Am Joer 2023 sinn d’Käerjenger Piipserten entstanen!

E jonken an dynameschen Ensembel, an deem vill Memberen eréischt 8 Joer hate wéi si 2023ugefaangen hunn, trëfft sech all Dënschden ënnert der Leedung vum Här Alain Baustert, dem aktuelle Chef vun der Harmonie Municipale Bascharage. Wärend enger hallwer Stonn üben d’Piipserte flott a modern Stécker an erliewen dobäi d’Freed an d‘Begeeschterung, déi et mat sech bréngt, zesummen an engem klengen Ensembel ze musizéieren. Sou haten si och hiren éischte groussen Optrëtt den 30. Juni 2024 um Concert KANNERWELTEN, wou si fläisseg fir d’Associatioun Île aux clowns gesammelt hunn.