1monthfree

Buergbrennen an der Conter Gemeng (1)

Déi éischt Buergen an der Conter Gemeng si schon e Samsdeg ofgebrannt. Mat méi oder manner Bulli awer bei drechenem Wieder sin déi zwou Buergen vu Conter a Moutfert quasi gleichzäiteg a Flamen opgang. Gegrills, eng Ënnenzopp, e Glühwein oder soss e Patt, näischt huet gefeelt fir mat de ville Leit en agreablen Owend mat de respektive Clubs des Jeunes ze verbrengen.