1monthfree

Marie’concert zu Hunchereng an zu Uespelt

Am Kader vun 400Joer Muttergottesoktav haaten Chorallen Ste. Cécile Steebrécken-Biergem , Uespelt an Helleng kierzlech op zwee Concerten an Porkierch zu Hunchereng an zu Uespelt an de Sall « Hadespelt »vum Uespelter Schlass inviteiert.
Um Programm stungen ausschließlech Marielidder an dei dozou passend Interluden , dei um Piano an op der Uergel vun der Madame Françoise Béasse an der Madame Josée Faltz-Wilmes virgedroe goufen.
Di musikalesch Leedung louch an den Hänn vun der Madame Claudette Zeimes-Wagener an der Madame Bernadette Kayser-Waldbillig . Um Piano an op der Uergel huet Madame Josée Faltz Sänger meeschterhaft begleet.
Dei zwou Opferungen goufen mat enger
Ikonenaustellung iwer Mariebiller vun der Könschtlerin Claudette Zeimes verscheinert .
Vill Leit waaren lauschtere komm an konnten di aussergeweinlech Ikonen bewonneren.
En eenzegaartegen an e gelongene Projet
zu Eieren vun eiser Treischterin .