Mëtt September huet d'Koppel Lily a Léon Niederweis-Wiance zesumme mat hirer Famill an hire Frënn hir jeeweils 80 Joer an och hir Diamantenhochzäit gefeiert. Den 12. September 1964 si si zu Dummeldeng an der Kierch bestued ginn. D'Adress vum Dag war de Restaurant Steinmetz zu Bech. Vertrieder vun der Gemeng Rouspert-Mompech hunn sech et net huele gelooss fir zu dëser Geleeënheet hir Gléckwënsch ze iwwerbréngen an e Blummenarrangement ze iwwerreechen.