Flott Zesummesin vun de fréieren Primärschüler vu Mäerzeg


Mäerzeg: Op der Invitatioun vum Vic Schreiner, déi verscheckt gouf, war folgendes ze liesen: Léif Klassekomerod- innen, déi nom 31. Oktober 1941 a virum 1. November 1946 gebuere sinn an zu Mäerzeg an d‘Primärschoul gaang sin, ass folgende Programm vum Konveniat fir Donneschdes, 17. Oktober, virgesin. Treffpunkt war och dunn den Dag selwer virun der Kierch zu Mäerzeg, duerno Néierleeë vu Blummen op de Griewer vun eiser verstuerwener Komerodin Sylvie Weiler- Scholtes an de Komeroden Pol Lucas an Nic Schreiner. Gläich drop war eng ganz interessant Féierung duerch di renovéiert Gemeng zu Mäerzeg. Fir de Buergermeeschter Mike Poiré war et duerno och eng ganz besonnësch Éier di symphatisch Gesellschaft am renvovéierten Waissenhaus ganz häerzlich ze empfänken. Beim Éierwäin, offréiert vun der Gemeng, huet de Buergermeeschter Mike Poiré anhand vun enger flotter Presentatioun, d’Entwécklung an Zukunfsvisiounen vun der Gemeng Mäerzeg och am Detail erklärt. Merci huet de Mike Poiré zum Schluss gesoot, fir de Kado den hien iwerreecht kritt huet, fir seng Gaschtfrëndlichkeet. Och de Vic Schreiner huet sech bedankt fir dat flott Zesummesin an war och ganz stolz iwert di positiv Entwëcklung an all denen Joeren vun dem schéinen Heemechtsduerf, Mäerzeg. De Kado fir de Vic Schreiner, als Organisator vun desem Treffen huet him ganz vill Freed gemeet. Beim gemeinsamen Mëttegiessen am Restaurant “Carpe Diem“ an der Gewerbezoon sin esou muench Anekdoten an Ërënnerungen aus der onvergiesslicher Primärschoulzäit erzielt gin. Ofschloss vun desem Konveniat war gemittlicht Zesummesin am fréiere Café Marso. (CR) (Foto: Charles Reiser)