Conveniat vum Joergang 1959 zu Waasserbëlleg

60 Joer ass et hir, datt déi Dammen an Hären vum Joergang 1959 zu Waaserbëlleg an d’Spillschoul gaang sinn. Fir hire Konveniat hu si sech an hirer Heemechtsuertschaft getraff, an déi zwee Schäffen Jos Schummer a Luss Bechtold hu si an der neier Schoul empfaang. Den Här Steve Parrasch huet mat hinnen d’Visite vum Gebäi gemaach, daat no neiesten Erkenntnisser gebaut gouf, an um modernste Stand vun der Technik ass. Nodeems d’Gemeng den Éirewäin zerwéiert hat, hu si beim Mëttegiëssen am Restaurant Da Massimo op der Esplanade munch flott Erënnerung
ausgetosch, an awer och un hire kiërzlech verstuerwene Kolleg Michel Carnera geduecht. Besonnech frou ware se alleguer, datt hir fréier „Joffer“ Yolande Roettgers-Weny och dobäi war, a gutt matgefeiert huet. (Foto: Marc Beissel)