1monthfree

Scheckiwwerreechung - Freed op zwou Säiten

Miersch. Mat Freed konnten am Kader vun der Sonndesmass zu Miersch 4.620 Euro un d’Madame Laura Veneziani, Directrice vum Tricentenaire an un d’Bewunner mat hire Betreier aus der Résidence „A Pultz“ vu Pretten iwwerreecht ginn.

Frou ware mir iwwert den Erléis vun der Adventsaktioun vun der Par Miersch St François a vun der Faaschtenzopp, déi dëst Joer op Äschermëttwoch zu Luerenzweiler zervéiert gouf.

D’Madame Veneziani krut och nach eng Enveloppe mat 85 Euro vun de Rollenger Kanner, déi si vun hirem „Liichten“ gespent hunn.

All deenen, déi zum Erléis bäigedroen hunn e grousse Merci.

Par Miersch Saint François

Via mywort