D'Becheler Sänger hunn de Jean la Gaufre mat
dësem Lidd op der Fouer iwwerrascht !
Dem « Jean la Gaufre » fir 130 Joer !
Wierder : Jean Kandel Weis : Hämmelsmarsch
1.De Jean la Gaufre deen ass ons alleguer bekannt,
Dee mécht, d’ass gewëss, déi bescht Eisekuchen am Land !
Um Mäertchen an och op der Fouer, sicht net no !
Besser Eisekuchen wéi beim Jean la Gaufre se bestëmmt keng do !
An duerfir komme mir ni laascht säi Stand !
Deen Doft, deen zéit ons einfach a säi Bann,
A léisst ons net méi lass,
Bis mir endlech dra gebass !
Dann eréischt hu mir richteg d’Fouer agelaut !
Jo d’Fouer geet da lass !
2. Dat ass net nei, well säit méi ewéi honnert drësseg Jor,
Ass d’Famill Vanderwaeren fir Schneekegkeeten do !
Déi beschte Gaufren op der Welt an hei am Land !
Esou eng Schmanteg Saach, dat ass dach ee Genoss !
Dat wees scho laang all Kand !
Jo esou een Eisekuch dee wëll ech hunn !
Et ass fir mech eng Freed ze knabbelen drun,
Ob Äerdbier, Schlagsan drop,
Dat ass mir da ganz eendunn !
Haaptsaach ass: e kënnt vum Jean la Gaufre
An e schmaacht ewéi kee vierdrun !
3. On connait tous Jean la Gaufre, star de notre Foire !
Sans ses Gaufres, cette fête ne connaîtrait pas sa gloire !
A l’Octave comme à la Schueberfouer, ne cherches pas !
Une gaufre tel que Jean la fait, tu ne trouveras ! ne cherches pas !
Une gaufre de Jean c’est tout c’que je veux,
Y résister, personne de nous le peux !
Avec fraises, à la crème,
Croyez moi les deux sont bonnes !
Jean la Gaufre c’est l’expérience de
Cent trent ans ! Et elle est bonne !