Och dëst Joer huet de Conseil d'Administration vun der AAAL op eng flott Excursioun agelueden. Vill AAAL-Memberen hu "Présent" geruff. Och vill Komeroden vun den ale Gardisten an der fréierer Police Militaire, mat deenen d'AAAL eng Partnerschaft agaangen ass, ware mat vun der Parti. Dëst Joer hate mir eis de Musée National d'effets de la Police et de la Gendarmerie zu Capellen eraus gesicht. D'Thema: "La Dynastie Luxembourg-Nassau & les Forces de l'Ordre".
De Président vum Musée, de Camille Diener huet sech d'Éier net huele gelooss fir eis 1 ½ Stonn duerch Raimlechkeeten ze féieren an dobäi Erklärungen ginn vun deenen der nawell vill näischt wossten. Munch engem sinn d'Tréinen an d'Ae komm, wéi en säin fréiert Aarbechtsgeschier zréckgesinn huet an un déi gutt aal Zäit erënnert gouf.
Duerno ass et fir d'Mettegiessen an de Restaurant Weidendall op Koplescht gaangen. De Conseil hat genau dat richtegt erausgesicht, et ass kaum eppes Rescht bliwwen. Op dëser Plaz „Merci“ un de Restaurant fir dat räichhaltegt an excellent Iessen an de léiwe Service.
Beim Dessert sinn dann d' Kosettercher richteg lass gaangen. Gutt an och manner gutt Spiichten an Anekdoten iwwert d'Arméizäit, d'Aarbechtszäit an der Gendarmerie, bei der Police, der Garde an der Police Militaire sinn zur Aussprooch komm. Lues a lues huet d'Versammlung sech géint 16:00 opgeléist an se freeën sech elo schonn alleguerten op den Ausflug 2025: "Egal wou et hin geet, mir sinn derbäi".
KOOS François, Président de l'Amicale des Anciens Artilleurs Luxembourgeois.
(https://artilleurs.wixsite.com/aaal)