Eo ass et erëm esouwäit , d'Kaarwoch kënnt méi no an da gi mir Klibberen. Jo fréier woar dat nach mat strenge Regelen verbonnen! Glécklecherweis hunn d'Massendénger dei Traditioun erëm opliewe gelooss! "T'ass d'Moiesklack - T'ass d'Mëttesklack - T'ass d'Owesklack" a virun de Massen :" T'ass d'Klack éischt - T'ass dKlack zweet - T'ass dKlack af " an dotëschent huet een dann d'Klibber, d'Jarr an den Himmerchen duerch d'Gaass héieren, wat méi haart wat léiwer!
An hei ass d'Liddchen dat mir gesongen hunn, Ouschtersonndeg-moies wa mir de Loun vum Klibberen ophiewe gaange sinn. An duerno vif an d'Houmass, do woar et net fir ze spéit ze kommen, soss gouw et eng Moral-Priedegt.
Dat hei woar Enn de fofzeger Joren zu Stroossen ! A wann dir däer schéiner aler Lidder sicht, da frot emol am "Lëtzebuerger Lidder Archiv" jeankandel@pt.lu