Gedenkfeier un de Koreakrich 1950-1953 (Journée des Nations Unies)

Wéi all Joer, hunn d’LKA (Luxembourg Korean Association) zesumme mat der A.A.C.S.P.L. (Association des Anciens Combattants 1939-1945, des Forces de Nations Unies et des Soldats de la Paix luxembourgeois) bei der Gëlle Fra un déi 85 fräiwëlleg Zaldote geduecht, déi am Koreakrich op der Säit vun den UN-Truppe gekämpft hunn. Dës Commémoratioun huet am Kader vun der Journée des Nations Unies, déi all Joer de 24. Oktober ass, stattfonnt a gëtt ëmmer um Samschdeg, deen am noosten bei deem Dag läit organiséiert.

Besonnesch awer hu mir deenen zwee Lëtzebuerger Zaldote geduecht, déi 1952 zu Chocco Ri hiert Liewen hu misse loossen. Et waren dëst de Caporal Roger Stutz an de Sergeant Robert Mores. D‘ Lëtzebuerger haten do dernieft och 17 blesséiert Zaldoten ze verzeechnen.

Als kleng Erënnerung ass ze soen, datt deemools 2 Kontingenten am Belsch-Lëtzebuergesche Batailloun (BUNC) matgemaach hunn. Si waren ënnert de Leedung vun de Lieutenanten Tun Wagener a Rudy Lutty fir d’éischt Deel an engem englesche Regiment, der 29th British Independent Brigade vum Gloucester Regiment an duerno vun der 3. Amerikanescher Infanterie Divisioun. Bei dëser Feier ass och un déi Zaldote geduecht an erënnert ginn, déi un de sëllechen UN-Missiounen deelgeholl hunn an och nach un déi, déi am Asaz sinn.

En Éierepeloton vun der Arméi esou wéi sëlleche Fändelen hun déi ganz Zeremonie nach méi ënnerstrach.

Eng grouss Éier war dëst Joer, datt niert de sëllechen Ambassadeuren och den éischte koreaneschen Ambassadeur fir Lëtzebuerg den Här CHUN Young-Hee bei dëser Zeremonie derbäi war.

Mat der Heemecht an der Koreanescher Nationalhymne ass dës Gedenkfeier zu engem flotten Enn komm.

Max Stoffel, LKA

Foto: ©Lucien Koneczny