Déi 26. Generalversammlung vun der Douane’s Musek zu Kolmer-Bierg stoung ganz am Zeeche vum Jean-Pierre Reuter, deen zanter der Grënnung de 15. Oktober 1993 de Presidenteposte bekleet huet. A sengem perséinleche Réckbléck ass hien op déi fir hie wichtegste Momenter agaangen an huet sech bei allen Acteuren déi hien op deem 26 Joer laange Wee begleet hunn. Leider hunn an all deene Joren och eng etlech vun deenen 125 Musikantinnen a Musikanten, déi an der Douane’s Musek matgewierkt hunn, eis fir ëmmer verlooss an déi net vergiess sinn. Mam Verspriechen der Douane’s Musek als Musikant erhalen ze bleiwen a mat Rot an Dot zur Säit ze stoen, huet hien d’Geschécker vum President an d’Hänn vu sengem Sekretär ginn, deen him bis op eng kuerz Phas vu 4 Joer déi ganzen Zäit zur Säit stoung. Wéi an engem Film ass den Änder Friden op all déi schéin a wonnerbar Erënnerungen agaange fir déi de Jean-Pierre Reuter responsabel war éier hien vun der Generalversammlung ënner groussem Applaus zum Éierepresident genannt ginn ass. Niewent ganz villen anere Musikanten déi deen Owend geéiert gi sinn ass de Jean-Pierre Reuter mat der Sëlwermedail fir 25 Joer vum President André Heinen vun der USMVL – Union des Sociétés de Musique de la Ville de Luxembourg ausgezeechent ginn. Als grouss Iwwerraschung huet de President Gilbert Girsch vun der UGDA dem Jean-Pierre Reuter fir seng exemplaresch Aarbecht de “Chevalier de l’Ordre Européen du Mérite Musical” iwwerreecht.
D’Rapporte vum Sekretär Änder Friden a Keessier Henri Nimax sinn eestëmmeg vun der Generalversammlung ugeholl ginn. Nodeems eng kleng Ännerung vun de Statuten och eestëmmeg ugeholl ginn ass konnten déi nei Membere Fernand Bartemes a Romain Müller niewent dem Claire Godart, dat scho méi laang derbäi ass, als Net-Douanieren am Comité opgeholl ginn. A sengem Merci un d’Musikanten an Usporn fir déi nächst Saison huet den Dirigent Markus Willems net vergiess dem Vizepresident an Archivar Jean-Marie Waldbillig e grousse Merci auszesprieche fir seng Aarbecht mat de Partituren.
Éier den neie President Änder Friden d’Generalversammlung op d’Iessen am Restaurant Neptwone invitéiert huet, ass hien a sengem Schlusswuert nach eng Kéier op den héijen Altersduerchschnëtt vun der Douane’s Musek agaangen an huet sech gewënscht all Musikant géif nach op d’mannst een anere Musikant matbrénge fir datt d’Douane’s Musek erëm flott besat ass.