50 Joer no der Première zréck an de Kolléisch

Genau 50 Joër no hirer Première am Stader Kolléisch hun sech d’Veteraninnen a Veteranen vun der Première B 1974 zu hirem ongeféier 100. Konveniat getraff. Ënnert der virtuoser Féierung vun der Sous-Directrice Joanne Goebbels konnt hirt zum «Athénée» opgepäppelt Gebäi besichtegt gin. No der Moderniséierung ass de Kolléisch rem voll am Schoss, genau wéi déi präsent 15 Ancien-ne-s vun der Première B, wéi beim uschléissende Patt konnt festgestallt gin. (Robert Garcia via mywort.lu)