Am Kader vun enger klenger Feierstonn huet de KIWANIS Esch/Uelzecht viru kuerzem an der Poppespënnchen zu Lasauvage 5 chéquen vu jeeweils 4.000 € u verschidden Associatiounen iwwerreecht.
Dëst ware Rokko mi Rokka, de Frëndeskrees Kamerun, d’Guiden a Scoute vun Déifferdeng, Aide aux Philippines an d’Streetworkers vun Interactions.
Den Erléis vun 20.000 € staamt aus der Organisatioun vum KIWANIS History Vehicles Weekend zu Lasauvage deen de KIWANIS Esch/Uelzecht all Joers um éischte Septemberweekend organiséiert.