1monthfree

Chèque Iwerrechung


Scheckiwwerreechung un Tam-Tam White and Friends




Käerch: Ufanks Dezember 2024 hunn sech, wéi gewinnt, d’Frënn vum Chrëschtbeemche beim Aloyse zu Käerch versammelt. Der Traditioun trei, hunn si am Bësch hire Beemche selwer ofgeschnidden. Duerno konnten si sech vun dëse Strapaze bei Glühwäin an Ierzebulli erëm opwiermen a stäerken. Wéi all Joer goufen den Erléis vum Iessen a Gedrénks fir e gudden Zweck gespent.

Viru Kuerzem hunn d’Frënn vum Chrëschtbeemchen e Scheck vun 3.000 Euro un d’Associatioun „Tam-Tam White and Friends“ iwwerreecht. Dës Organisatioun setzt sech dofir an, dass benodeelegt Kanner hei zu Lëtzebuerg op Chrëschtdag och e Geschenk an hiren Hänn kënnen halen.

Méi Informatioune fannt dir ënnert: www.tamtamwhiteandfriends.lu

LU02 0019 5355 5073 6000

I

bII