Vum 15. Januar bis de 15. Mäerz 2022 lafen zwou nei Aktiounen zu Kielen am Recycling-Center:
Liichtmëssdag a Fuesent.
Dir hutt nach Fueskostümer oder Fuesdekoratioun di Dir nit mi braucht?
Um Spaicher verstëpsen Liichtebengelcher a Lampions?
Da bréngt se op Kielen an de Recycling-Center a maacht anere Kanner eng Freed dermat!
Trei no eiser Devise:
Weidergebrauchen ass besser wéi ewech gehaien!