CLUB SENIOR KIELEN 5500 EURO FIR DE ROUT- KRÄIZ BUTTEK STENGEFORT

Den 6.11. 2024 hat de Club Senior Kielen mam Handaarbechtstreff op eng kleng Feier agelueden fir ee Scheck un den Här François Authelet, Chargé de Direction vum Service AMA ( Aides Matérielles et Alimentaires) vun der Croix-Rouge ze iwwerreechen.

D´Präsidentin vum Club Senior Kielen Claudine Meyer huet op dee groussen benevolen Asatz an déi gutt Zesummenaarbecht higewisen an huet jidderengem een häerzleche Merci gesot, deen dozou bäigedro huet, dass dësen Don konnt iwwerreecht ginn.
4829 € si vum Verkaf vun Handaarbechten, Tombola, Kichelcher, Kaffi a Kuch bei deene verschiddenen Manifestatiounen zanter Oktober 2023 gesammelt ginn: Hobbymaart Bartreng,

20 Joer Feier vum Club Senior, Chrëschtmaart, Brennereifest, Multiculti Bartreng, KUKI, Konschthandwierkerdeeg Buerglënster .

D´Gemeng Kielen huet déi Zomm opgeronnt, sou konnten 5500 € fir de Rout-Kräiz- Buttek Stengefort gespend ginn.

Och den Här François Authelet huet Villmolls Merci gesot an intressant Infoen iwwert d´Épiceries Sociales ginn. Iwwert den Office social kënnen Leit aus der Gemeng Kielen an aus 6 Nopeschgemengen am Rout-Kräiz Buttek zu Stengefort Ënnerstëtzung kréien. Et wäert ëmmer Mënschen an eiser Gesellschaft ginn, déi op Hëllef a Generositéit vun aaneren ugewise sinn.

Am Numm vum Gemengerot hunn de Buergermeeschter Felix Eischen an de Schäffen Romain Kockelmann alle Memberen a Responsabelen ee grousse Merci weiderginn an hinnen fir hiren benevolen Asatz an hir Dynamik felicitéiert.