Och dëst Joer konnten Lënster Theaterfrënn 93 nees e grousse Succès feieren. „De plakege Fënsterbotzer“ e leschten 3 Akter vum Martina Worms
iwwersat an adaptéiert vum Rose Mühlen,
wosst d’Leit zu Gonnereng, Jonglënster, an Ruedt/Syr ze iwwerzeegen.
Acteure hunn sech eng Freed draus gemaach déi vill Leit, déi den Wee an Virstellungen fonnt hunn mat Witz an Begeeschterung an Stéck mat an ze bezéien sou dass verschiddener um Heemwee och nach bestëmmt gelaacht hunn. Et waren gelongen Opféierungen an et huet vill Spaass gemaach.