Konveniat vum 6. Schouljoer (1972-73) vun Hesper
44 Joer nodeems sie d'Primärschoul zu Hesper verlooss haten, hun sie sech op hirem 2. Konveniat, den 11.11.2017 erëmgesinn. Zu Hesper op der Gemeng war en ganz flotten Empfang beim Schäffen Georges Beck. Nodeems hien enger lëschteger Equipe en ganz léierräichen Iwwerbléck vun der Gemeng presentéiert hat, huet hien sie zum Éierewäin invitéiert. Duerno war en Iessen an der Brasserie de la Place zu Izeg, wou esou muncher Spiichten, bei enger formidabeler Stëmmung, vun deemools erzielt goufen. No esou engem flotten Owend ass dunn festgehalen ginn, sech geschwënn op engem nächsten Konveniat erëmzegesinn. D'Organisatioun vun dësem gelongenen Owend louch an den Hänn vum Fred Besch, Ginette Goergen, Martine Michaely an Guy Streff.