1monthfree

Assemblée Générale vun der Chorale Hemstal-Biwer

Den 21. Mäerz 2025 gouf d‘Assemblée Générale vun der Chorale Hemstal-Biwer ofgehaalen. Dëst Joer stoung een extrae Punkt um Ordre du Jour, well de Chouer feiert 20 Joer fantastesch Zesummenarbecht mam Chouer vu Biwer, wou eng gutt Frëndschaft entstaanen ass. No der Begréissung vun der Presidentin dem Tessy Hau, dem Tätegkeetsbericht vum Sekretär dem Carlo Frisch, dem Keessebericht vum Keessier dem Jeannot Hau, dem Ausbléck vum Dirigent dem Tom Osborne, e puer léiwe Wierder vun, dem Här Paschtouer Carlo Morbach, dem President vim Kiircherot den Här Roby Lenertz an der Mme Buergermeechter Jill Goeres gouf matt engem gudde Pättchen, engem gudde Maufel an engem Gebuertsdagskuch den Owend gemittlech ausklenge gelooss.

Plus de nouvelles de Laurent Koob-Engeldinger >