Eng al Traditioun wor zu Harel d'Holzstee op Äschermëttwoch.
All d'Awunner aus dem Duerf an och aus der Gemeng haten sou d'Méiglechkeet e Lous ze steeën fir Brennes am Wanter ze hunn.
Nach hogdt ginn beim Wiert sou munch Anekdoten erzalt: Deemools koum et alt fir, datt och mol een nieft der Kouert Holz ageschneit ass, wann en virdrun bëssi ze déif an d'Glas gekuckt hat, an réischt méi spéit rëm vum Fieschter am Bësch opgesammelt gouf.
An der Zäit wou de Mazout bëlleg wor, war et dunn eriwwer mat der Holzstee, bis 2007, wou ënnert dem jetzigen Fieschter d'Iddi opkommen ass, dësen alen Brauch rëm nei opliewen ze loossen. Mat groussem Succès.
Op Fösdasdig gouf moies fréi well invitéiert, Langholz oder och Kouerten Bichenholz am Hareler Bësch ze steeën. Dernieft gouf vum Syndikat eng gutt wuerm Zopp gekacht an de Grill ugefonge. Natierlech huet bei Musik a Gesank d'Quetschendrëpp nit dierfen feelen. „Da steet et sech méi liicht“, sot de Metzler, an sou munchereen huet dann och alt mol sech selwer d'Holz verdeiert.
Et konnt also dat Ökologescht mat dem Wirtschaftlechen an mam Sozialen zu Harel am Bësch verbonnen ginn. Dat nennt een Nohaltegkeet. Owes wor natierlech wéi gewinnt de Fösbal.
Och dat ass Kultur am Eiselëck, wann d’Bierger am Bësch op Fösdasdig zesummen kommen an nieft dem Essentiellem och d’Gesellegkeet schätze gewosst hunn.
Nächst Joer, merkt Iech den Datum, da sidd der rëm all häerzlechst invitéiert.