Scheck Iwwerreechung beim DTV Groussbus

Op hirer Generalversammlung huet de Comité vum Dammen Turn Veräin vu Groussbus dem Frère Joseph Randrianaimanga vun de “Prêtres du Sacré Coeur” vu Clairefontaine e Scheck an Héicht vun 3.000 € iwwerreecht. Dësen Erléis staamt vum Subsid, deen de Veräin fir seng “Green Event” Manifestatioune krut, a fléisst integral an een Drénkwaasser Projet op Madagaskar.