Serge Tonnar eleng am Stued

Serge Tonnar

Eleng am Stued

AUGUST 2024: 9/10/14/16/17

20 Auer

Reservatiounen: stuedtheater@gmail.com

De Serge kënnt gär an de Stued, am Publikum grad esou wéi op der Bün. An dësem grousse Klengkonschttheater fillt hien sech doheem an hat scho vill flott Owenter, privater, déi keen eppes uginn, a musikalescher, ob mat senger Band Legotrip oder am Duo mam Hausmeeschter Georges Urwald.

Dës Kéier steet hien eleng op der Bün, a seng Lidder ginn op dat Néidegst reduzéiert: eng Gittar an eng Stëmm. Dat ass d'Geleeënheet fir hien, seng Lidder op Häerz an Niren ze préiwen, a fir de Publikum, se an enger intimer an ursprénglecher Form z'erliewen.

De Serge ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur.Hien ass Aktivist am soziokulturelle Liewen zu Lëtzebuerg, sou als Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musikalesch Projeten. 2015 huet en d'Associatioun "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" an d'Liewe geruff, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt. An der Pandemie vun 2020 huet hien de "Kulturkanal (KUK)" an d'Liewe geruff, eng online Plattform fir artistesch Kreatiounen.