Gräisch: Gebueren den 25. Oktober 1934, huet d’Louise Pepin- Haupert als di zweetjëngst Duechter vun 10 Kanner vum Nicolas Pepin an Anna Didier zu Schweech, d’Liicht vun der Welt erblëckt. Den 20. Mee 1961 huet d’Louise Pepin genau zween Deeg no der Gemeng zu Simmer sech mam Alfred Haupert, an der Kierch vu Gräisch bestued. Zesummen mat hirem Jong an hirer Duechter huet di jonk Koppel als Famill, och do de Bauerebetrib zu Gräisch weidergefuert. No an no huet d’Famill Pepin- Haupert sech ëm weider zwee Enkel- an 3 Urenkelkanner vergréissert. Leider ass der Jubilarin hiren léiwe Mann, Alfred, den 8. Februar 2005 verstuerwen. Am Kader vun engem schéinen Familientreffen gouf den 90. Gebuertsdag vum Louise Pepin- Haupert och gebürend gefeiert. Noodeems dat jiddereen sech de gudde Festmenü och gut schmaache geloos huet, ass och nach zesummen mat engem kräftigen Happy Birthday de groussen Geburtsdagskuch opgeschidde gin. Ganz geréiert a voller Freed konnt d’Jubilarin dese schéine Moment an hirem Liewen och voll a ganz mat genéissen. No e puer angenehmer Stonnen am Familiekreess ass dem Louise och no hiren 90 Liewensjoeren nach weiderhin dat Allerbëscht op hirem weideren Liewenswee gewënscht gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)