1monthfree

6000€ vun de "Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng" gespent

Wéi all Joers hunn « d’Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng» ufanks Dezember 2024 op hier traditionellt „Mëttegiessen mat Kaffisstuff“ invitéiert. 

Bei Paella a Spaghetti Bolognaise, konnt zu Helleng an der Hal e schéinen Nomëtte verbruecht ginn. Natierlech goufen och rëm Adventskranz an eng flott Tombola bei deem gesellege Mëtte verkaf.

„D’Hellenger Fraen a Mammen » sinn houfreg duerch den Erléis vun der « Kaffisstuff“ 5000€ un d’Associatioun „Stëmm vun der Strooss“ an 1000€ fir d’National Bibliothéik fir d’Risebibel kënnen ze spenden.